
Duerch d’Pandemie goufen an de leschten 18 Méint immens vill Rallyen ofgesot. De Weekend vum 26. Juni gouf awer zum Beispill an der Belsch e Rallye vum belsche Championnat gefuer, bei deem och eng Partie Lëtzebuerger Equipagen um Depart stoungen.
Am beschten aus der Affär gezunn huet sech de jonke Charles Munster. Hie war op engem Opel Corsa Rally4 am Asaz, a ka sech zesumme mat sengem Copilot Loris Pascaud (F) op der exzellenter 10. Plaz am General och d’Junior-Wäertung sécheren, grad ewéi d’RC4-Klass. Am Stellantis Motorsport Rally Cup Belux ass de Charles Munster dann elo och de Leader.

Nëmmen eng Plaz hannendru kommen de Bob Kellen an d’Nathalie Hoffmann um Ford Escort KGP. Si hu sech e spannende Kampf mat aneren Equipagen aus der Klass geliwwert, fir sech um Enn mat enger staarker Leeschtung duerchsetzen ze kënnen. Si gewannen hir Klass an hir Grupp.

Op der 39. Plaz kommen de Max Schiltz an d’Patricia Wanderscheid op Renault Clio RS iwwert de Podium. Nodeems de Clio Ufanks ëmmer nees Problemer gemaach huet, huet de Max Schiltz déi länger Rallye-Paus konnten notzen, fir den Auto tiptop virzebereeden. Dat huet sech ausbezuelt, well de Clio ass wéi eng Eent gelaf an huet de Rallye gutt iwwerstanen.

Net esou gutt gelaf ass et fir e Lëtzebuerger Pilot, deen um South Belgian Rally quasi e Comeback gefeiert huet, nodeems en déi lescht Joren éischter am Rallye-Raid ënnerwee war. Rieds ass vum Hugo Arellano, deen op engem Peugeot 208 Rally4 gestart war. Op der 5. Special ass de Cardan um Peugeot futti gefuer, an de Rallye war domat gelaf.

Méi schlëmm erwëscht huet et de Grégoire Munster. Hien hat sech um Hyundai i20 R5 gutt Chancen ausgerechent ëm eng Podiumsplatzéierung matzefueren. Ma op der 4. Special hat hien eng Sortie, bei där den Hyundai nawell zolidd beschiedegt gouf. Pilot a Copilot bloufen onverletzt.
Gewonne gouf de Rallye vum belschen Equipage Ghislain de Mévius / Johan Jalet op Skoda Fabia R5, virum Adrian Fernemont a Samuel Maillen och op Skoda Fabia R5 an op Plaz 3 dem Kris Princen a Peter Kaspers op Citroën C3 R5.