
Haas huet en Donneschdeg matgedeelt, dass si an d’Pilote Romain Grosjean a Kevin Magnussen no dëser Saison getrennte Weeër goe wäerten.
Op Facebook schreift de Grosjean: “Dat lescht Kapitel ass ofgeschloss, d’Buch ass eriwwer”.
De Magnussen huet iwwerdeems op Twitter gepost: “Ech hat 4 genial Joer bei Haas, et war eng mega Rees.”
Wien déi 2 Piloten am Team Haas ersetze wäert, ass nach net gewosst. Den Nico Hülkenberg, Mick Schumacher a Callum Ilott wiere potentiell Kandidate fir déi fräi Plazen.