Formel 1Hamilton wënnt de grousse Präis vu China, Bottas a Vettel dohannert

RTL Lëtzebuerg
Wéi och schonn an der Qualifikatioun hunn d'Mercedes der 1.000ster Formel 1-Course hire Stempel opgedréckt.
© AFP

De Bottas ass beim Start net gutt vun der Plaz komm an huet seng éischt Plaz direkt u säin Teamkolleg missten ofginn. De Vettel, deen u sech e gudde Start hat, gouf vu béide Mercedes blockéiert an hat dunn an der éischter Kéier eng schlecht Ausgangspositioun géint de Leclerc, dee säin Teamkolleg iwwerhuele konnt.

Ma un der Spëtzt hu sech déi zwee Mercedes, ganz vir den Hamilton, lues a lues konnten ofsetzen. Ferrari huet dunn decidéiert, datt de Leclerc de Vettel sollt laanscht loossen, well dëse méi séier sollt sinn. Ma vill huet dëse Manöver awer net direkt bruecht, well den däitsche Ferrari-Pilot verschidde Problemer mam Ubremsen hat. Fir nach kënnen ze reagéieren, huet Ferrari dunn decidéiert, datt de Vettel an de Leclerc elo verschidde Strategie sollte fueren.

Mat an d'Top 5 huet sech och nach de Verstappen gemëscht, dee mam Leclerc ëm déi 4. Plaz gekämpft huet. Fir Spannung an der Course a flott Manöver hunn de Räikkönen an den Albon gesuergt, déi sech duerch d'Feld gekämpft a fir vill flott Dueller gesuergt hunn. Den Albon, dee Fuerer vum Dag gouf, konnt dann an de leschte Ronne seng 10. Plaz géint de Grosjean verdeedegen.

Red Bull huet an der leschter Ronn e bësse spekuléiert. Si hunn de Gasly 2 Ronne viru Schluss erageholl, fir him nei Pneuen ze ginn. Hien hat ze vill Réckstand, fir nach no vir ze kommen a genuch Avance, fir e Stopp ze riskéieren. Mat den neie Pneuen a voller Motorleeschtung gouf hien nees erausgeschéckt an hat 1 Versuch, fir déi séierste Ronn ze fueren, déi jo zanter dëser Saison 1 Punkt bréngt, wann de Pilot an der Top 10 ass. De Gasly konnt de Vettel dëse Punkt dann och wierklech an der leschter Ronn ofhuelen.

Un der Spëtzt gouf et an de leschte Ronne keng Verännerunge méi. Esou wënnt den Hamilton dës Course viru sengem Team-Kolleg Bottas. Den drëtten um Podium gëtt de Vettel, dat virum Verstappen an dem Leclerc. Gasly, Ricciardo, Perez, Räikkönen an Albon maachen dann d'Top 10 komplett.

D'Resultat am Iwwerbléck

Pos.FahrerTeam   
1L. HamiltonMercedes   
2V. BottasMercedes   
3S. VettelFerrari   
4M. VerstappenRed Bull   
5C. LeclercFerrari   
6P. GaslyRed Bull   
7D. RicciardoRenault   
8S. PerezRacing Point   
9K. RäikkönenAlfa Romeo   
10A. AlbonToro Rosso   
11R. GrosjeanHaas   
12L. StrollRacing Point   
13K. MagnussenHaas   
14C. SainzMcLaren   
15A. GiovinazziAlfa Romeo   
16G. RussellWilliams   
17R. KubicaWilliams   
18L. NorrisMcLaren   
19D. KwjatToro Rosso   
20N. HülkenbergRenault   

Am Generaklassement huet dem Hamilton elo 68 Punkten. Op Plaz 2 steet de Bottas mat 62 Punkten. Drëtten ass aktuell de Verstappen mat 39 Punten, dat virum Vettel (37), Leclerc (36), Gasly (13), Räikkönen (12), Norris a Magnussen (8), Hülkenberg a Ricciardo (6), Perez (5), Albon (3), Stroll (2) a Kwjat (1).

Back to Top
CIM LOGO