Formel 1Heemvirdeel fir den aktuelle Leader bei der Course zu Zandvoort

Jeff Birsens
Gewënnt de Max Verstappen beim Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort elo de Weekend säi 4. Grand Prix hannerteneen oder säin 10. vun der Saison?
© AFP

Den Heemvirdeel huet de Weltmeeschter sécherlech op senger Säit. Mat där aktueller Dominanz vum Hollänner stellt sech awer natierlech och d’Fro wéini de 24 Joer ale Red-Bull-Pilot säin zweete WM-Titel kéint feieren.

Virschau Formel 1 / Reportage Jeff Birsens

No 14 vun 22 Courssen huet de Max Verstappen als éischten am Weltmeeschterschaftsklassement 93 Punkten Avance op säin Equipier Sergio Perez an 98 Punkten op de Charles Leclerc um Ferrari. Den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly huet d’Rechemaschinn erausgeholl, fir ze kucken, wéini sech de Red-Bull-Pilot fréistens d’Weltmeeschterkroun kéint opdoen.

Huele mer einfach un, et géif déi nächst Courssen optimal fir de Max Verstappen lafen, also e géif bei all Grand Prix de Maximum vu 26 Punkte kréien, e géif also gewannen plus déi séierst Ronn fueren, a seng zwee Géigner par contre, déi géifen aus wéi enge Grënn och ëmmer guer keng Punkte kréien, da kéint de Max Verstappen fréistens beim Singapur Grand Prix de Sak definitiv zoumaachen, dat wär bei der séchstleschter Course.

Virun enger Woch huet de Max Verstappen beim Grousse Präis vun der Belsch zu Spa d’Konkurrenz vun der Startplaz 14 a Grond a Buedem gefuer a souverän gewonnen. De Red-Bull-Pilot weess awer, datt dat näischt wëll heeschen. Eng ganz aner Streck an ech denken, datt et net esou einfach gëtt wéi zu Spa.

Ferrari, Mercedes a McLaren hu bei de fräien Trainingen zu Zandvoort schonn e staarken Androck hannerlooss a louchen zum Deel kloer virun Red Bull, de Leclerc hat siwen Zéngtel Avance op den Verstappen. Et gëtt fir déi Ecurien awer och nach e Géigner nieft dem Circuit, seet de Serge Pauly.

Déi Rout musse géint 100.000 Zaldoten vun der Orange Army fueren. D’Hollänner wäerten hire Max Verstappen no vir peitschen, an dat ass e Virdeel, deen kréien d’Ferrari-Ingenieuren a Mecanicien net an de Grëff.

Et ass gewosst, datt den 4,2 Kilometer laangen Circuit vun Zandvoort vill Upressdrock verlaangt, an dat hëlt dem Leader am Weltmeeschterschaftsklassement e gewëssene Virdeel mat sengem Red Bull ewech. Déi meescht Formel-1-Supporter hu sécherlech näischt dogéint, wann et esou laang wéi méiglech an der Saison géif spannend bleiwen.

Den drëtte fräien Training ass e Samschdeg de Mëtteg um 12 Auer bei eis op rtl.lu an op rtlplay. D’Qualifikatioun gëtt dann vu 15 Auer un och live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee iwwerdroen. De Grand Prix mam Virprogramm fänkt e Sonndeg um 14.15 Auer un.

Back to Top
CIM LOGO