
Domat musse Red Bull an AlphaTauri sech en neie Liwwerant fir Motore sichen.
Honda huet déi Decisioun e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz matgedeelt. Si begrënnen et domat, dass de Fokus an der Automobilindustrie am gaangen ass ze änneren. Et wéilt ee bis 2050 CO2-neutral ënnerwee sinn.
Honda war eréischt 2015 nees zeréck an d’Formel 1 komm, an hat dunn 3 schwiereg Jore mat McLaren, éier een e Partenariat mat Red Bull ënnerschriwwen huet.
Vu Säite vu Red Bull versteet een d’Decisioun vun Honda, weess awer och, dass se elo viru groussen Erausfuerderunge stinn, fir en neie Motore-Partner ze fannen. Ma si stounge schonn emol virun deem Challenge a ginn dovunner aus, dass hinnen dat och elo nees wäert geléngen, esou de Christian Horner.