
Den Incident, leschte Weekend beim Grousse Präis vu São Paulo, tëschent dem Max Verstappen an dem Lewis Hamilton, gëtt net nei opgerullt.
An der Kéier 4 waren déi zwee Pilote bei engem versichten Iwwerhuelmanöver vun der Pist geroden. D’Kommissären haten d’Affär direkt ouni gréisser Enquête klasséiert. Dogéint hat Mercedes Protest ageluecht, deen e Freideg an der Mëttesstonn ofgewise gouf. De Max Verstappen kritt also keng nodréiglech Strof.