MotoGPJack Miller wënnt zu Le Mans, Fabio Quartararo neie Leader

RTL Lëtzebuerg
No der Victoire a Spuenien konnt sech den Australier och op engem ufanks rutschege Circuit a Frankräich virum Johann Zarco a Fabio Quartararo behaapten.

E Sonndeg stoung zu Le Mans déi 5. Course vun der Saison an der MotoGP um Programm. D’Wieder huet dobäi ufanks awer net sou richteg matgespillt a sou ass deen een oder anere gefall oder vum Circuit ofkomm. Dorënner och den Alex Rins oder de Marc Marquez, fir déi et spéider no der zweeter Chute net méi weidergaangen ass. Mat der Zäit huet sech de Reen rëm besse geluecht an et konnt sech nees méi op d’Fuere konzentréiert ginn. Um Enn war et dann den Jack Miller op Ducati, dee sech no Spuenien och d’Victoire a Frankräich séchere konnt, dat virum Johann Zarco an dem Fabio Quartararo, deen duerch déi 3. Plaz elo neie Leader am General ass.

An der Moto2 gouf et virdrun nach eng Victoire vum Raul Fernandez an an der Moto3 war de Sergio Garcia de Séiersten.

D’Resultater vun de Courssen

MotoGP

1. Jack Miller
2. Johann Zarco
3. Fabio Quartararo

De Replay vun der Course vun der MotoGPMoto2

1. R. Fernandez
2. R. Gardner
3. M. Bezzecchi

De Replay vun der Course vun der Moto 2Moto3

1. S. Garcia
2. F. Salac
3. R. Rossi

De Replay vun der Course vun der Moto 3

De General

MotoGP

1. Fabio Quartararo
2. Francesco Bagnaia
3. Johann Zarco

Moto2

1. Remy Gardner
2. Raul Fernandez
3. Marco Bezzecchi

Moto3

1. Pedro Acosta
2. Sergio Garcia
3. Andrea Migno

Back to Top
CIM LOGO