
Eng Course virum Enn vun der Saison steet den neie Weltmeeschter scho fest. De Spuenier Joan Mir ass um Circuit zu Valencia op déi 7. Plaz gefuer a feiert domat säin éischten Titel am Moto-GP.
De Franco Morbidelli, dee sech d’Victoire a Spuenien séchere konnt, huet eng Course viru Schluss e Réckstand vun 29 Punkten a muss sech sou am Kampf ëm de Weltmeeschtertitel geschloe ginn.