Spa Rally 2025Jonas Schmitz (L) feiert Podiumsplaz, zesumme mat sengem Pilot Tom Heindrichs

Andy Brücker
De Lëtzebuerger Copilot kënnt op Plaz 3 am Generalklassement, dat op Citroën C3 Rally2
© dontcutrallyfans

Vum 29.-30. November gouf zu Spa déi lescht Manche vum belsche Rallye-Championnat gefuer. Mat um Depart waren och eng Partie Piloten a Copilote mat Lëtzebuerger Lizenz.
Am beschten aus der Affär gezunn huet sech do de Copilot Jonas Schmitz, dee mam Belsch Tom Heindrichs op engem Citroën C3 Rally2 gefuer ass. Den Auto gouf agesat vu PH Sport an Zesummenaarbecht mat I4Race.

© dontcutrallyfans

Net manner wéi 15 Specialle goufen iwwert déi zwee Deeg gefuer an um Enn konnt de Belsch-Lëtzebuerger Duo 8 Beschtzäite fueren. Si konnte laang Zäit ëm d’Victoire matfueren a stoungen och am Generalklassement op Plaz 1. Wärend dem Rallye hate se awer net manner wéi 3 Platten an och e kuerze Verbremser huet Zäit kascht. Doduerch si se bis op Plaz 3 zeréckgefall. Dat war ee Resultat, mat deem déi zwee sécherlech méi wéi zefridde waren, och wann et laang esou ausgesinn huet, wéi wann och d’Gesamtvictoire méiglech gewiescht wier. Gewonnen hunn de Cédric Cherain / Damien Withers (B) op Porsche 992 Rally GT, firum Hollänner Bernhard ten Brinke a Britt Tom Woodburn op Skoda Fabia RS Rally2.

© dontcutrallyfans

Mat deem positive Resultat léisst sech d’Wanterpaus dann och besser iwwerbrécken. Fir déi nächst Saison steet nämlech en Asaz an der Junior-EM um Programm fir Heindrichs/Schmitz. Den Duo huet duerch d’Victoire am ADAC Opel Electric Rally Cup 2025 nämlech e Wierkskontrakt bei Opel kritt, fir an der Junior ERC un den Depart ze goen 2026. De Jonas Schmitz ass net deen éischte Copilot, dee mat engem Lëtzebuerger Fändel um Auto de Sprong an d’Opel Wierksteam packt. An der Saison 2016 war et d’Jennifer Thielen, dat mam Julius Tannert fir Opel an der ERC ugetrueden ass.

Deemno heescht et fir de Jonas Schmitz d’nächst Joer vill reesen a vill nei Rallyen entdecken. Fir sech optimal ze preparéieren, sollen och nach aner Rallyen am Virfeld gefuer ginn. E geneeë Programm steet do awer nach net fest. Zousätzlech sollen och nach 2 oder 3 Rallyen op engem Rally2-Gefier an Ugrëff geholl ginn, fir weider Erfarungen an där Kategorie ze sammelen. Wéi eng Rallyen dat sinn, an ob et mam Budget wäert klappen, steet nach an de Stären

Weider Lëtzebuerger beim Spa Rally

Den Tommy Rollinger war nees mam Yves Freichel ugetrueden, dat um Peugeot 208 T16. Si kommen um Enn op déi 22. Plaz, woumat se en zimmlech konstante Rallye gefuer sinn. Wärend all Special louche se mat hiren Zäiten ëmmer tëscht der 20. an 29. Plaz, mat enger Ausnam op der 10. Special, wou se déi 38. Zäit gefuer waren. An der RC2-Kategorie war et um Enn Plaz 13.

Mam Marcel Grasges war dann nach e Lëtzebuerger Copilot zu Spa um Depart, dat mam Belsch Smail Haddouche, dëst op engem Peugeot 208 Racing an der neier Kategorie RC6. Si kommen op Plaz 3 an der Klass an op Plaz 38 am Generalklassement.

Back to Top
CIM LOGO