Rallye-WMKalle Rovanperä dominéiert och de Rallye an Estland

RTL Lëtzebuerg
Domat huet de Finn vu 7 Rallyen an dëser Saison da ganzer 5 konnte gewannen. Hien steet domat kuerz virum fréizäitegem WM-Titel.
© AFP

Den Toyota-Pilot Kalle Rovanperä huet de Rallye an Estland gewonnen. Bei schwéiere Bedéngungen, a virun allem vill Reen, waren d’Fuerer säit e Donneschdeg an Estland ënnerwee. No senger fënnefter Victoire an dëser Saison ass de WM-Titel fir den 21-järege just nach eng Formsaach.

An der WM baut de Finn no der Victoire säi Virsprong weider aus. De Kalle Rovanperä huet elo e Virsprong vu 83 Punkten op den Thierry Neuville (Hyundai), dee bei der Rallye an Estland just op déi 4. Plaz gefuer ass.

Back to Top
CIM LOGO