
Den Toyota-Pilot Kalle Rovanperä huet e Sonndeg d’Rallye Estland, déi siwent Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschaft, gewonnen. Fir de Finn ass et déi éischte Victoire an der Rallye-WM. Mat sengem Alter vun 22 Joer an 291 Deeg ass de Rovanperä elo dee jéngste Gewënner an der Geschicht vun der WRC.
Bis ewell hat säin Teamchef Jari-Matti Latvala de Rekord. Hie war 2008 bei senger éischter WRC-Victoire bei der Rallye Schweden 22 Joer an 313 Deeg al.
Op der Arrivée hat de Rovanperä no 24 Wäertungen iwwert eng Gesamtdistanz vun 314,16 Kilometer e Virsprong vun 59,9 Sekonnen op den Ir Craig Breen (Hyundai). Drëtte gouf mam Thierry Neuville e weidere Hyundai-Pilot. De Belsch hat e Retard vun enger Minutt an 12 Sekonnen.
De Sébastien Ogier ass mat sengem Toyota dee 4. ginn a bleift souverän un der Spëtzt vum WM-Klassement. Säin éischte Verfolger Elfyn Evans ass nëmmen de 5. ginn an huet domadder weider u Buedem verluer.