WRC Rallye MonzaKeen Happyend fir de Grégoire Munster um Hyundai i20 R5

Andy Brücker
De jonke Lëtzebuerger war beim leschte WM-Laf vun der Saison um Depart an et sollt sech als e ganz schwierege Rallye erausstellen.
© Hyundai Motorsport

Lassgaange war et schonn Donneschdes mat enger kuerzer Spezial um a ronderëm de Circuit vu Monza, op deem soss ënnert anerem d’Formel 1 ënnerwee ass. Hei war et virun allem mol, fir kee Feeler ze maachen. Dat war dem Grégoire Munster a sengem belsche Copilot och gelongen. Si ware wéi gesot um Hyundai i20 R5 gestart, dat an enger Klass, an där net manner wéi 52 Autoen den Depart geholl haten, dorënner och d’Elite aus der Weltmeeschterschaft. Nom 1. Dag war et Plaz 18 an där Klass, a Plaz 28 am General.

© Hyundai Motorsport

Freidesmoies ass et net grad sou gutt weidergaangen... Direkt 6 Plazen huet de Lëtzebuerger/belschen Duo verluer, dat ënner ganz schwierege Konditiounen, bei Schloreen. Duerno ass et awer am Laf vum Dag biergop gaangen a si konnte sech Plaz fir Plaz weider no vir kämpfen, fir um Enn vum Freideg op der 23. Plaz am General ze stoen, an op Plaz 16 am der Klass vun den R5-Autoen.

Samschdes gouf et dunn nach méi “Tricky”. Op de Koppe ronderëm Monza war Schnéi gefall, an et war e reegelrechte Pneuepoker, fir beschtméiglech iwwert d’Speciallen ze kommen. Ma och dat huet de jonken Duo gutt gemeeschtert, well si konnte weiderhi Plaze gutt maachen, fir um Enn vum Dag op Plaz 12 bei den R5en ze stoen, an op Plaz 17 am General.

© Hyundai Motorsport

Sonndes ware just nach 3 Speciallen ze fueren... déi éischt dovun ass richteg gutt gelaf... eng 11. Zäit an der Klass RC2 huet de Grégoire Munster eng weider Plaz am General no vir bruecht. Déi hu se awer nees op der zweetleschter Special mussen un de Marco Bulacia ofginn.

Op der allerleschter Special ass dunn dat geschitt, wat net hätt dierfe geschéien. An enger Spatzkéier huet de Munster d’Kéier e bëssen ze enk geholl, ass mam Rad widdert e Seel geroden, wat do en Zonk gespaant huet, wouropshin den Hyundai i20 R5 ausgehiewelt gouf, an um Daach gelant ass.

Soumat war just 2,5 Kilometer viru Schluss de Rallye op en Enn gaangen, ouni dass de jonken Duo de leschte Stempelpunkt erreeche konnt.

D’Klass RC2 gouf um Enn gewonne vu Mikkelsen/Jaeger op Skoda Fabia Rally2 Evo, viru Solberg/Johnston och op Skoda Fabia an op Plaz 3 Huttunen/Lukka op Hyundai i20 R5.

Mat där 3. Plaz huet de Jari Huttunen sech dann och de Weltmeeschtertitel an der Kategorie WRC3 geséchert.

An der WRC2 geet den Titel un de Mads Ostberg an den Torstein Eriksen op Citroën C3 R5.

Nei Rallye-Weltmeeschter an der WRC sinn de Sébastien Ogier an de Julien Ingrassia op Toyota Yaris WRC.

Grégoire Munster Vize-Junior-Europameeschter / 3. an der ERC

D’Saison vum Grégoire Munster ass trotz dem Ausfall an Italien dach eng ganz positiv gewiescht. An der Europameeschterschaft war et no enger spannender Saison schlussendlech de Vize-Titel an der Junior-Wäertung, hannert dem Oliver Solberg, an déi exzellent 3. Plaz an der gesamter Europameeschterschaft ERC, hannert dem Russ Lukyanyuk an dem Schwed Solberg.Dat ka sech definitiv weise loossen, an der éischter kompletter Saison um Hyundai i20 R5.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO