Et war déi 4. Editioun vum Escort Rally Special, e Rallye, un deem just Ford Escorten zougelooss sinn.
Aus ganz Europa sinn hei Joer fir Joer Equipagen um Depart, an d’Qualitéit vum Starterfeld ass ëmmer um Top-Niveau.
Et waren dëst Joer och 3 Lëtzebuerger Equipagë gemellt, vun deenen der awer leider just 2 d’Zil gesinn hunn.
Op enger exzellenter 7. Plaz klasséiere sech de Bob Kellen an d’Nathalie Hoffmann op hirem Escort MKII. An hirer Klass SR20 goufe se déi Fënneft.
Bei dësem Rallye hate se virun engem Joer nawell fir vill Opmierksamkeet gesuergt, nodeems se no 7 vun 11 Specialle Leader am Generalklassement waren, an déi international Konkurrenz nawell béis un d’Staune bruecht hunn. Leider hate se awer dunn en Accident a konnten déi verdéngte Victoire net mat heem bréngen. Dëst Joer hu se zwar net ëm d’Gesamtvictoire konnte kämpfen, an awer spréngt um Enn eng Top10-Platzéierung eraus, dat bei iwwer 60 Equipagen, déi um Depart waren.
Den Thierry Schloesser ass eng éischte Kéier mam Luc Kalmes gefuer, dat um nei-opgeriichte Ford Escort MKII. Si haten op der 3. Special eng kleng Sortie a wieren eigentlech Abandon gewiescht. An der Belsch gëtt et awer neierdéngs e SuperRally-Reglement, nodeems een dann op der nächster Boucle awer nees matfueren däerf, dat allerdéngs da mat zolitte Strofzäiten. Doduerch kann een de Rallye dann awer fäerdeg fueren, och wann een am Klassement näischt méi ze radetten huet. Si konnten déi kromm Triangele wiesselen a weiderfueren... si kommen um Enn nach op déi 37. Plaz a Wäertung a konnten op de leschte Speciallen och ganz gutt Zäiten an de Makadamm brennen.
Bis déi 11. Special waren de Philip Waterschoot an d’Annick Folschette am Fong ganz gutt ënnerwee. Lues a lues konnte si sech am General no vir kämpfen, vu Plaz 54 no der 1. Special, bis op Plaz 28 no der 11. Special. Op der 12. huet dunn awer den 2.0 Liter Pinto-Motor vum Escort den Déngscht quittéiert a si hu mussen opginn. Bis dohin hate se sech awer gutt ameséiert.
Gewonnen huet um Enn de britteschen Duo Frank Kelly / Lauren Kelly virun dem Jack Newman an Andrew Browne aus Irland an op Plaz 3 de Barry Jones an den Iwan Griffiths och aus Groussbritannien.