
De Bob Schanen fiert jo an der Kategorie Junior Buggy. No sengen 3 Virleef ass hien op der 8. Plaz an d’Finall gestart. Hien hat sech bis op Plaz 5 no vir gekämpft, konnt dunn awer enger Kollisioun viru sech net méi auswäichen, an huet doropshin e Rad verluer. Um Enn war et Plaz 10 fir de Bob Schanen.
Fir de Max Schanen war et e katastrophale Weekend a Frankräich. Et ass scho lassgaange mat technesche Problemer am 1. Zäittraining. Am 2. Zäittraining koum dunn d’Quittung... de Motor ass futti gefuer. Dee gouf dunn nach séier gewiesselt, fir awer am 1. Wäertungslaf kënnen ze starten. Hie gouf den 3. a senger Grupp, insgesamt de 15ten.
Am 2. Laf hat de Max dunn en zimlech onangenehme Géigner, deen him direkt e puer mol an de Buggy gerannt ass. D’Konsequenz dovu war, dass d’Boite futti gefuer ass. De Weekend war domat gelaf an de Max huet ouni Punkte mussen heem fueren.
Och fir de Kevin Peters war et e ganz schlechte Weekend. Scho samschdes war fir hie Feierowend, nodeems hien eng Kollisioun hat a sech säi Buggy dobäi sou ferm beschiedegt huet, dass hien net weiderfuere konnt.
Elo heescht et fir all Bedeelegt, d’Summervakanz ze notzen, fir d’Gefierer nees fit ze kréien, fir déi nächst Course, Enn August zu Prerov an Tschechien.