
De Weekend gouf am italieenesche Maggiora déi 9. Manche vun der Autocross-EM gefuer. Mat um Depart waren an der Buggy1600-Kategorie och d'Lëtzebuerger Max Schanen a Kenny Reding. Iwwerdeem de Max Schanen um Enn op Plaz 9 gewäert gëtt, sou konnt de Kenny Reding sech awer iwwert eng 3. Plaz an der Finall freeën. Just den Tschech Jakup Novotny an den Hollänner Styn Jaspers ware méi séier.
Am Championnat ass den Novotny un der Spëtzt mat 229 Punkten. De Max Schanen kënnt op 92 Punkten a läit op Plaz 8. De Kenny Reding ka sech duerch seng gutt 3. Plaz verbesseren a spréngt op Plaz 10 an der Meeschterschaft.
An der SuperBuggy-Klass kënnt de Ferdinand Gengler um Enn op Plaz 24, iwwerdeems de Kevin Peters net gewäert gouf. Dat ass fir de Kevin Peters natierlech e Réckschlag an der Meeschterschaft. Et ass déi éischte Kéier, wou hien dës Saison net punkte kann. E läit elo op Plaz 7 mat 131 Punkten. Leader ass hei de Petr Nikodem (CZE) mat 266 Punkten.
An der Cross-Car-Wäertung klasséeirt de Bob Schanen sech als 9ten an de Cédric Engel als 15ten.
De Bob Schanen läit elo am Championnat op Plaz 4 am Cross Car, dat mat 184 Punkten. De Cédric Engel läit op Plaz 16 mat 59 Punkten. Un der Spëtzt sinn et David Meat (254), Ivan Pina Chinchilla (228) a Vincent Mercier (209).
An der Autocross-EM geet et schonn den nächste Weekend weider, deen Ament zu Saint Igny de Vers a Frankräich. Vum 9.-11. Oktober geet et op Mollerussa a Spuenien, éier da vum 16.-18. Oktober d'Finall zu Foz Coa a Portugal ass.