Autocross-EMKevin Peters gëtt trotz gebrachener Hand nach 4. zu Prerov

RTL Lëtzebuerg
De Kevin Peters hat eigentlech e super Weekend beim 7. Laf vun der Autocross-EM zu Prerov (CZ), bis en Accident an der Finall him zum Verhängnes gouf.

De Kevin Peters konnt an der Tschechescher Republik mat ganz gudde Resultater am Training an an der Qualifikatioun op sech opmierksam maachen, bei deenen hien och nees sou richteg Spaass a sengem Buggy hat. Mat enger 3. Plaz, engem Ausfall an enger 2. Plaz an de Qualifikatiounsleef, war et um Enn déi 9. Plaz am General no der Quali.

An der Halleffinall konnt hie sech a sengem Laf als 3. behaapten a stoung domat op Plaz 5 fir d’Finall.

An der Finall ass him de Start gutt gelongen an hie konnt direkt bis op Plaz 3 no vir fueren. Leader war deen Ament de Mercier virum Nikodem. Zwou Ronne méi spéit krut de Mercier e Platten an den Nikodem konnt d’Féierung iwwerhuelen. De Kevin Peters huet och profitéiert a konnt sech nieft de Mercier setzen an e baussen iwwerhuelen. De Mercier hat seng Maschinn awer wuel net méi am Grëff an hien ass dunn op eemol dem Peters mat voller Vitess vir an de Buggy gerannt. De Coup war sou hefteg, dass de Kevin Peters sech dobäi duerch d’Steierrad d’Schëller ausgekugelt huet an d’Hand verdréint huet. D’Schëller ass nees op d’Plaz gesprongen, ma mat vill Péng konnt de Lëtzebuerger sech dunn nach op Plaz 4 iwwert d’Arrivée retten. Gewonnen huet de Petr Nikodem, virum Markus Wibbeler am dem Vincent Mercier.

D’Enttäuschung iwwert déi verpasste Podiumsplaz war natierlech grouss... ma nach méi grouss war se, wéi am Spidol festgestallt gouf, dass dem Kevin seng Hand gebrach ass. Konsequenz dovu si 5 Woche Gips an d’Saison 2019 ass domat fréizäiteg eriwwer.

Back to Top
CIM LOGO