FIA Offroad Prize Giving CeremonyKevin Peters gouf fir seng 3. Plaz an der Autocross-EM geéiert

RTL Lëtzebuerg
Den 3. Februar gouf d'Offroad-Community op Prag fir d'FIA Offroad Prize Giving Ceremony invitéiert.
© Foto Zuzka

D’Präisiwwerreechung war am Gebai vun der Tschechescher Automobilifederatioun “Autoklub České Republiky”.

Ënnert de Laureate war och de Lëtzebuerger Kevin Peters, dee jo an der Autocross-Europameeschterschaft op déi 3. Plaz am Endresultat komm war.

© Foto Zuzka

Ma net just d’Piloten aus dem Autocross goufe geéiert. Ënnert anerem waren och d’Gewënner vun der Rallycross-Weltmeeschterschaft an Europameeschterschaft zu Prag, fir hir Präisser entgéint ze huelen.

Back to Top
CIM LOGO