Autocross-EMKevin Peters no Victoire zu Nova Paka (CZE) elo neie Leader an der EM

Andy Brücker
Fir de Lëtzebuerger Kevin Peters war de 5. Laf vun der Autocross-Europameeschterschaft perfekt verlaf. De Bob Schanen ass den 10. ginn.

De 4. a 5. September gouf am tschecheschen Nova Paka eng weider Manche vun der Autocross-Europameeschterschaft gefuer, an där jo och eng Partie Lëtzebuerger Piloten untrieden.

Fir de Kevin Peters war et einfach e perfekte Weekend. Fir et kuerz ze maachen, hien huet de ganze Weekend iwwer d’Buggy1600-Kategorie dominéiert. Ugefaange mat den 3 Qualifikatiounsleef, déi hien alleguerte fir sech entscheede konnt. Nom 3. Laf war allerdéngs e bësse Stress ugesot, well en décke Steen hat den Uelegcartère beschiedegt. Fir de Motor ze wiessel war keng Zäit méi, wouduerch decidéiert gouf just de Cartère ze wiesselen, an der Hoffnung, dass de Motor keng erwëscht hat.

An der Halleffinall huet sech du gewisen, dass de Motor impeccabel gelaf ass. Vum Start ewech ass de Kevin Peters dovu gezunn a konnt seng Halleffinall gewannen.

Domat war dann och Poleposition ugesot fir d’Final. Do ass et genee sou weidergaange wéi schonn an de Leef virdrun. De Lëtzebuerger konnt sech vum Start erfort ofsetzen an och d’Final virum Markus Wibbeler an dem Timo Pähler gewannen.

Déi Victoire war dem Kevin Peters besonnesch wichteg, well de Circuit zu Nova Paka gëllt an der Autocross-Welt als de Mekka vun de Strecken. De 5. September 2021 wäert him deemno besonnesch an Erënnerung bleiwen, nodeems en deen Dag seng 1. Victoire op där Streck feiere konnt.

PDF: Resultat vum 5. Laf vun der Autocross-EM

Back to Top
CIM LOGO