AutocrossKevin Peters wënnt 6. Laf vun der Europameeschterschaft

Andy Brücker
De Lëtzebuerger Kevin Peters konnt an Holland d'Buggy-1600-Finall gewannen a sech wichteg Punkte fir d'EM sécheren. De Kenny Reding kënnt op Plaz 4.
© Ralf Hofacker

De Kevin Peters behaapt sech um Circuit zu Toldijk géint de Fransous Thomas Christol an den Andrei Maxian aus Moldawien.

Bal hätt nach en zweete Lëtzebuerger mat um Podium gestanen, dat a Persoun vum Kenny Reding. Hie konnt sech de ganze Weekend iwwer Laf fir Laf verbesseren a kënnt an der Finall op déi gutt 4. Plaz.

Domat awer net genuch... op Plaz 7 steet mam Ferdinand Gengler e weidere Lëtzebuerger. Deemno schéint d’Streck an Holland de Lëtzebuerger gutt ze leien.

Top 10

Pos.Nr.NameLandFahrzeug / MotorZeitDifferenzPunkten
1102PETERS KevinLUXGRR Racing4:21.692-34
2107CHRISTOL ThomasFRACamotos RC44:23.52101.82930
3109MAXIAN AndreiMDAF&S Chassis4:28.79307.10125
4111REDING KennyLUXPeters4:30.04708.35521
5142BOSCH JohnnyBELP.A.S.4:31.09409.40216
6119HARTMAN FilipCZEHartman Evo34:31.62809.93615
7127GENGLER FerdinandLUXPeters Autosport4:31.96810.27614
8116VAN LIPZIG IngoNLDFast & Speed4:41.37619.68413
9108STRAUB ThomasDEUPAS Autosport3:12.0602 Laps12
10140POELARENDS JimmyNLDAssink Buggy4:31.9952 Laps15

An der Europameeschterschaft mécht de Kevin Peters e wichtege Schrëtt Richtung Titel. Den zweeten am EM-Klassement, de Markus Wibbeler koum an Holland nämlech just op Plaz 15 an den Drëtten am Klassement, de Stijn Jaspers ass an Holland just den 20. ginn.

De Kevin Peters huet elo 186 Punkten. Neien Zweeten ass den Thomas Christol mat 135 Punkten, virum Markus Wibbeler mat 130 Punkten.

© Ralf Hofacker

Back to Top
CIM LOGO