Am Porsche Supercup leeft et aktuell net optimal fir den Dylan Pereira. No senger 11. Plaz zu Monaco ass de Lëtzebuerger beim Grousse Präis vun der Steiermark an Éisträich net iwwert déi 25. Plaz erauskomm. Domadder war et fir de Lëtzebuerger e weidere Weekend fir ze vergiessen. Gewonne gouf d’Course vum Larry Ten Voorde.
Um Start huet de Pereira direkt eng Plaz verluer. No enger Sortie de Route am Ausgang vun der 4. Kéier an der éischter Ronn sinn nach eng Partie Positiounen dobäikomm an de Pilot vum Team Lechner louch just nach op der 17. Plaz. Wärend der Course konnt hie sech op déi 12. Plaz no vir schaffen. Opgrond vun ausgesprachene Strofen wéinst Tracklimits krut den Dylan Pereira am ganze 40 Sekonnen opgedonnert a fält soumat op déi 25. Plaz zeréck a kritt soumat och keng Punkten.
Un der Spëtzt ass de Champion Larry Ten Voorde op en Neits eng souverän Victoire erausgefuer. Den Hollänner, dee vun der Pole Position aus an d’Course gaange war, huet senge Konkurrente keng Chance gelooss an huet sech kloer virum Ayhancan Güven an dem Leon Köhler behaapt.
Den Ten Voorde baut domadder seng Féierung am General weider aus.
Den nächste Weekend steet eng weider Course an Éisträich um Programm.