MotoGPLeopard Racing denkt driwwer no, vun der Moto3 an d'Kinneksklass ze wiesselen

RTL Lëtzebuerg
Enn der Saison huet Suzuki wëlles d'MotoGP ze verloossen, wouduerch d'Starterfeld op 22 Motorrieder zeréckgoe géif. Eng Chance fir Leopard Racing?
© AFP (Archiv)

Schonn zanter längerem huet de Rennstall mam Lëtzebuerger Haaptsponsor Interessi gewisen, fir vun der Moto3 erop an d’MotoGP ze wiesselen, wat bis elo net gelongen ass. Eventuell kéint déi nächst Saison dann awer d’Chance dofir bestoen. Et gëllt als sécher, dass keng nei Mark wéi Kawasaki oder BMW déi fräi Plaze vu Suzuki wäert ersetzen, woubäi Suzuki eigentlech och nach e Kontrakt bis 2026 fir d’MotoGP huet. Ob Suzuki sou einfach decidéiere kann, d’Kinneksklass vum Motorrad-Sport ze verloossen, bleift ze klären.

De Christian Lundberg, techneschen Direkter vu Leopard Racing sot Motorsport.com géintiwwer, et géif ee sech ukucken, wéi d’Situatioun evaluéiert. Wa si awer d’Chance géife kréien, déi fräi Plazen ze besetzen, wiere se immens glécklech, esou nach de Lundberg. De Ball läit elo mol beim MotoGP-Promoter Dorna, déi rezent Suzuki drun erënnert hunn, dass d’Entscheedung d’MotoGP ze verloossen, net eesäiteg kéint getraff ginn.

Mat wéi engem Motorrad géif Leopard untrieden?

Wat de Choix vun der Mark ugeet, mat där Leopard da géif untrieden, do kënnt fir de Lundberg u sech just Aprilia a Fro. Et wier den eenzege Constructeur, deen nom eventuellen Depart vu Suzuki da just 2 Motorrieder an der MotoGP asetzt.

D’Leopard-Team ass zanter 2015 an der Moto3 an zielt do zu den Top-Teams. Aktuell setze si an der Moto3 op Honda-Motorrieder.

Back to Top
CIM LOGO