
An der Kategorie “SuperStock”, ass et souguer déi exzellent 3. Plaz fir de Chris Leesch, den Enzo Boulom an de Kévin Manfredi op hirer Kawasaki ZX-10RR aus dem Team 33 Coyote Louit Moto.
Den erfuerenen Italiener Kévin Manfredi war de Start vun der 24h-Course gefuer a konnt sech schonn direkt an der 1. Ronn bis op Plaz 5 no vir schaffen. No e puer technesche Problemer, grad wéi enger Chute ass een zwar nees e bëssen zeréckgefall, ma um Enn konnt ee sech iwwert eng gutt 3. Plaz an der SuperStock-Kategorie freeën, an eng Top10 am General.

Den nächste Rendez-Vous ass den 11. Mee bei den 8 Stonne vun der Slowakei, wou dann d’Zil ass, ëm déi 1. Plaz an der SST ze fueren.
