Spa-FrancorchampsLëtzebuerger Chris Leesch bei der 24-Stonne-Course mat um Depart

RTL Lëtzebuerg
D’24-Stonne-Course vu Spa-Francorchamps huet um Samschdeg de Mëtteg mat engem kuerze Sprint ugefaangen.
© Johny Beneké
24 Stonne Moto zu Spa-Francorchamps
D’24-Stonne-Course huet um Samschdeg de Mëtteg fir 114 Piloten ugefaangen, dorënner de Chris Leesch.

Fir de Chris Leesch an déi 113 aner Piloten, honnerte Soigneuren a Mecanicienen gëtt et awer ee laange Marathon, an dat op engem ganz schwéiere Circuit.

D’Ekipp Chromeburner ass vun der 21. Positioun gestart an de Chris Leesch huet sech no an no e puer Plazen no vir geschafft. Ma wéinst engem administrative Feeler vun der Ekipp krut hien eng Duerchfaartstrof. No den éischte Stonne läit awer nach alles am Soll.

Fir an hirer Kategorie vun de seriennoe Superstock um Enn vir mat dobäi ze sinn, muss alles klappen: D’Fuerer dierfen op der Streck kee grousse Feeler maachen, an awer ee séiere Rhythmus fueren. Bei de Wiesselen dierf d’Equipe net onnéideg Zäit verléieren an natierlech muss d’Honda mat der Nummer 41 och déi ronn 4.000 Kilometer halen.

No der Opreegung vum Start hunn d’Fuerer hire Rhythmus fonnt. Si gi gutt versuergt an d’Streck ass och nach dréche bliwwen, ma dat kann an den Ardennen all Moment änneren.

Kuckt de Livestream vun der 24h-Course op RTL Today

Back to Top
CIM LOGO