E futtisse Motor huet nawell vill Ueleg op der Streck verdeelt. Dat huet musse gebotzt ginn an dobäi koum dunn nach zolitte Reen.
Kuerz éier déi 24 Stonnen ofgelaf waren, koumen d’Piloten nach emol fir puer Minutten op d’Streck, fir d’éischt hannert dem Safety Car, fir duerno nach emol fir knapp 8 Minutten d’Course fäerdeg ze fueren, wou et nach emol spannend gouf ëm Plaz 3 am Generalklassement an 2 Minutte viru Schluss gouf et dunn nach emol e Wiessel um Podium, zu Gonschte vun der Startnummer 1. Ma domat war et nach net gehalen. D’Nummer 5 konnt an der leschter Ronn nach emol zeréckschloen an awer nach als Drëtten iwwert d’Arrivée fueren.
Och d’Ekipp vum Lëtzebuerger Chris Leesch, ass op der Honda mat der Startnummer 41 nach emol erausgefuer. Si haten um Enn 34 Ronne Réckstand op d’Gewënner a kommen op Plaz 20 am General iwwert d’Arrivée. An hirer Klass SST war et Plaz 9. Hei hate se 17 Ronne Réckstand op déi séierst an der Klass.
Gewonne gouf d'24-Stonne-Course vum Team mat der Startnummer 37 (BMW Motorrad Team) virun der Startnummer 4 (TATI TEAM BERINGER RACING / Kawasaki). Plaz 3 geet un d’Team mat der Nummer 5 (F.C.C. TSR Honda France) no enger dramatescher Schlussphas am Duell mat der Startnummer 1 (Yoshimura SERT Motul / Suzuki).