
De leschte Weekend gouf zu St Georges de Montaigu a Frankräich gefuer.
War et am Zäittraining nach eng véiertséierst Zäit, sou konnt de Kevin Peters seng dräi Qualifikatiounsleef gewannen. Domat huet hie sech 10 Punkte konnte sécheren, fir d’Gesamtwäertung vun de Qualifikatiounsleef.
An der Semi-Final koum et dunn zum Duell tëscht dem Lëtzebuerger an dem Styn Jaspers. Beim Start hat den Hollänner d’Nues vir an dat sollt sech och bis zum Schluss net änneren. Fir de Kevin Peters war et deemno hei just Plaz 2. Domat goung et an der Final vu Plaz 3 fort fir de Lëtzebuerger, also aus der 2. Rei.
De Start vun der Aussebunn ass net optimal gelaf an der Final, well et koum nach zu engem Kontakt mat engem anere Konkurrent, wouduerch de Peters op Plaz 4 zeréckgefall ass.
Gewonnen huet de Styn Jaspers (NL) virum Thomas Christol (F) an op Plaz 3 koum den Edouard Vignal (F). De Kevin Peters verpasst deemno de Podium, séchert sech awer 28 Punkte fir d’Europameeschterschaft.
Mat deene Punkte baut hie seng Féierung am Generalklassement aus an huet elo 152 Punkten. Hannendru kënnt de Markus Wibbeler mat 117 Punkten an op Plaz 3 de Styn Jaspers mat 116 Punkten.
Laang Zäit sech vun der Courssen a Frankräich ze erhuelen huet de Kevin Peters net, well scho den nächste Weekend geet et weider mam 6. Laf vun der EM, dat an Holland zu Toldijk.