KartingLëtzebuerger Maxime Furon-Castelain start a FIA E-Karting Championnat

Andy Brücker
Nodeems e mat just 13 Joer den 3. an der FIA Karting Academy Trophy ginn ass, steet elo eng nei Erausfuerderung u fir de Maxime Furon-Castelain.
© Domenico Palolicelli

Hien huet sech dofir entscheet, fir an der DEKM 2021 un de Start ze goen, dat ass en internationaalt FIA E-Karting Championnat an Däitschland. Hie wäert mat sengen elo 14 Joer de Jéngsten am Starterfeld sinn. Aner Piloten hu 5 bis 10 Joer méi.

Mat sengem Start an dësem Championnat mat elektresche Karten, wëll den ambitionéierten Automobilsportler sech op d’Erausfuerderunge vun muer virbereeden. D’Elektromobilitéit spillt och am Automobilsport ëmmer méi eng grouss Roll.

An der Deutsche-Elektro-Kart-Meisterschaft fueren all d’Pilote mat de selwechte Karten, wouduerch assuréiert ass, dass de Pilot den Ënnerscheed mécht, an net d’Material.

Fir de Maxime ass dëst eng grouss Ännerung, virun allem wat d’Gewiicht vun den agesate Karten ugeet. D’Elektro-Karte weien nämlech iwwer 220kg, géintiwwer den 140kg, mat deenen hie bis elo ënnerwee war. Dat heescht kierperlech ginn d’Ustrengunge bei wäitem méi héich. An nëmmen 3,5 Sekonne beschleunegt sou ee Kart vun 0 op 100 km/h, mat enger Spëtzegeschwindegkeet vun 135 km/h, ouni Amortisseuren an och ouni elektronesch Fuerhëllefen. Adaptéiere muss hie sech och un déi méi performant Brems, grad ewéi un d’Méiglechkeet vun engem elektronesche “Boost” vu 5 Sekonne pro Tour, deen och taktesch muss agesat ginn.

Bei engem éischten Test um Circuit vu Wackersdorf konnt de Maxime déi Responsabel vum Team BRP Rotax positiv iwwerraschen. Bannent kuerzer Zäit konnt hien d’Vitess vun deene Beschte matgoen. Ma et steet nach vill Aarbecht un.

Fir d’DEKM gi 4 Courssen dës Saison gefuer, dëst an Däitschland an an der Belsch. Den Optakt ass vum 4. bis 6. Juni zu Wackersdorf an Däitschland.

© Domenico Paolicelli

Back to Top
CIM LOGO