
De Lëtzebuerger Olivier Grotz wiesselt vun der Ferrari Challenge bei dat däitscht Team GetSpeed, wou hien zesummen mam Nico Bastian a Florian Scholze op engem Mercedes AMG GT3 an der GT World Challenge Endurance untrëtt. An deem Kader fiert hien och bei de 24 Stonne vu Francorchamps Enn Juli 2021.

Den Olivier Grotz war jo scho mat Boutsen Racing am GT3-Championnat dobäi, an de Joren 2014 an 2015, wou hien zu Silverstone d’AM-Klass gewonnen huet.
Lass geet et vum 16.-18. Abrëll zu Monza (Italien) mat enger 3-Stonne-Course. Weider geet et vum 28.-30. Mee a Frankräich um Circuit Paul Ricard (1000 km), éier vum 29. Juli bis 1. August d'24-Stonne-Course zu Spa an der Belsch um Programm steet.
Vum 3.-5. September geet et weider um Nürburgring, éier vum 8.-10. Oktober zu Barcelona déi lescht Course geplangt ass.