ADAC Prototype Cup GermanyLëtzebuerger Rennstall "Racing Experience" stellt sech neier Erausfuerderung

RTL Lëtzebuerg
Mat engem neie Fuererduo "G.Hauser - S.Von Gartzen" geet d'Lëtzebuerger Ekipp an d'Saison 2022, dat beim nei geschafenen ADAC Prototype Cup Germany.
© Underground Pictures

Dës Saison sti 4 Renn-Weekender um Programm mat all Kéiers 2 Coursse vun enger Stonn. Den Optakt ass kommende Weekend zu Spa-Francorchamps.

D’Ekipp ronderëm den Team-Proprietär Christian Hauser muss sech fir dës Saison nei opstellen, nodeems den David Hauser sech no der Gebuert vu sengem Bouf elo mol op seng Famill konzentréiere wëll an net méi wäert als Pilot an den Asaz kommen. Als Ingenieur an Team-Manager wäert en d’Team awer weider ënnerstëtzen.

Hannert dem Steier sëtzen dës Saison de Gary Hauser, grad ewéi den Newcomer Sebastian Von Gartzen, dee bis elo Erfarung an der GT gesammelt huet. Fir hien ass den LMP3 komplett nei an en huet net vill Zäit sech un den Duqueine D08 LMP3 mat dem Nissan V8-Motor ze gewinnen. Et ass een allerdéngs zouversiichtlech, dass hien dat néidegt Talent huet, fir sech och an dëser Maschinn séier wuelzefillen an do setzt een op d’Erfarung vum Gary Hauser, fir him all néideg Tipps an Tricks ze verroden.

No engem éischten Test op enger lokaler Rennstreck geet et e Mëttwoch beim 1. offiziellen Testdag vum ADAC Prototype Cup weider, wou en dann heescht weider un der Performance ze schaffen.

De Sebastian Von Gartzen hat eréischt viru ronn 2 Wochen en éischte Kontakt mat dem Team Racing Experience, ma hie war séier vun der Erfarung a vum gudde Klima am Team iwwerzeegt. Wat den LMP3 ugeet, ass virun allem de staarke Motor an déi héich Vitess an de Kéieren eppes, wourun hie sech gewinne muss.

De Gary Hauser kuckt dem Optakt vun der Saison positiv entgéint, well déi 1. Course ass zu Spa, an dat ass eng vu senge Liiblingsstrecken.

E Freideg sinn déi 2 Qualifying-Sessions, éier dann e Samschdeg um 10.05 Auer déi 1. Course gestart gëtt. E Sonndeg um 10.10 Auer ass dann déi 2. Course.

Nieft dem Asaz am ADAC Prototype Cup Germany wäert Racing Experience och beim GT&Prototype Challenge un de Start goen.

Back to Top
CIM LOGO