Elo fueren seng zwee Bouwen och, d’Mamm këmmert sech ëm d’Paperassen an elo baut hiren eelste Fils och nach fir e Schoulprojet en Dragster am Keller, ee mat enger Fligerturbinn.
Dat kléngt e bëssi verréckt, mee ass d’Realitéit. De Yannis, 14 Joer jonk, huet sech zur Aufgab gemaach, fir mat der Turbinn e weidere Challenge ze realiséieren. An dofir reese si op iwwer 100 Coursen uechtert d’Welt am Joer a leeën dobäi iwwer 10.000 Kilometer zeréck.
Mir hunn d’Famill doheem besicht a waren net schlecht erstaunt, wat et alles an hirem Keller ze kucke gëtt.