
D’Victoire vum Valtteri Bottas war schonn eng kleng Iwwerraschung. A wéi seng éierlech Wierder no der Arrivée gewisen hunn, ass dem finnesche Pilot mat där Victoire och e grousse Stee vum Häerz gefall. F1-Insider ass vläicht scho wärend der Course opgefall, dass de Bottas mat engem anere Ingenieur wéi soss gefunkt huet. Normalerweis ass de Riccardo Musconi dem Bottas säi Chefingenieur. Well deen awer grad Papp ginn ass, huet hien op de Grand-Prix a Russland verzicht.
Ersat gouf hie vum Lëtzebuerger Dominique Riefstahl. Dee sëtzt wärend engem Grand-Prix normalerweis an der MercedesAMG-Fabrik zu Brackley, fir vun do aus d’Strategie vum Team ze koordinéieren. Nëmme bei vereenzelte Courssen ass de Lëtzebuerger Ingenieur live dobäi. Sotchi war eng vun deene Courssen an nodeems de Riccardo Musconi kuerzfristeg als Bottas-Chefingenieur ausgefall ass, ass den Dominique Riefstahl agesprongen. Säi Palmarès ka sech elo weise loossen: eemol Chefingenieur a schonn direkt eng Victoire.