Och wann am éischte fräien Training béid Ferrari-Piloten, Sebastian Vettel (2. Plaz op 0.038 Sekonnen) a Charles Leclerc (+0.074 Sekonnen) nach mam Lewis Hamilton mathale konnten, huet den aktuelle Formel-1-Weltmeeschter a säin Teamkolleg Valtteri Bottas am zweete fräien Training Muskele spille gelooss.
Béid Mercedes-Piloten deklasséieren d’Konkurrenz ëm ganzer 0.8 Sekonnen. De Max Verstappen op Red Bull koum op Plaz 3 a béid Ferrari-Piloten, Vettel a Leclerc, hu sech misste mat der 5. respektiv 9. Plaz missen zefridde ginn.
Renault F1, déi dëst Joer de Retard zu den Top-Ekippe wëlle reduzéieren, koumen nach net un Zäite vun den Top-Ecurien erun.
Am ganzen huet ronn 1 Sekonn op Mercedes an iwwert 1/10 op Red Bull gefeelt. Den Nico Hülkenberg (7. Plaz am zweete fräien Training) war beschte Renault-Pilot. Den Daniel Ricciardo, dee vun Red Bull bei Renault gewiesselt ass, koum op déi 8. Plaz.