
E Freideg den Owend gouf schonn de Qualifying beim Grousse Präis vu Groussbritannien zu Silverstone gefuer. Déi séiersten Zäit ass de Lewis Hamilton gefuer. De Weltmeeschter geet mat sengem Mercedes domadder e Samschdeg vun der éischter Plaz aus an de Sprint. Nieft him steet de Max Verstappen op RedBull.
Aus der zweeter Rei starten de Valtteri Bottas um zweete Mercedes an de Charles Leclerc op Ferrari.
Am Sprint fält e Samschdeg d’Decisioun wien e Sonndeg beim Grousse Präis vu Groussbritannien vun der Pole Position aus an d’Course geet.
Zu Silverstone ass et déi éischte Kéier, datt an der Formel 1 den neie Format getest gëtt.