Formel 1 zu SpaLewis Hamilton no Accident am 3. Fräien Training onverletzt

RTL Lëtzebuerg
De Weltmeeschter Lewis Hamilton huet am 3. Fräien Training säi Mercedes an der Pneue-Mauer geparkt. Den Auto konnt awer bis zum Qualifying gefléckt ginn.

De Britt blouf zwar onverletzt, ma säi de Mercedes huet nawell elle gelidden. De 34 Joer ale Weltmeeschter huet e klenge Fuerfeeler an der Fagnes-Schikane, wouropshin hie lénks an der Streckebegrenzung gelant ass. De Fräien Training huet mussen ënnerbrach ginn, fir den Auto ze biergen.

De Qualifying fir de Grousse Präis vun der Belsch zu Spa huet um 15 Auer ugefaangen an do war de Weltmeeschter nees mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO