Formel 1Lewis Hamilton positiv getest, e verpasst de Grousse Präis vu Sachir

RTL Lëtzebuerg
De Formel-1-Weltmeeschter Lewis Hamilton ass positiv op de Coronavirus getest ginn.

De Mercedes-Pilot verpasst domat den nächste Weekend de Grousse Präis vun Sachir.

Wien a senger Plaz un den Depart geet, ass nach net gewosst.

De Britt war e Méindeg mat liichte Symptomer erwächt an gouf du getest. Den Hamilton war virdrun mat enger Persoun a Kontakt, déi positiv war.

Back to Top
CIM LOGO