Formel 1: Grousse Präis vun DäitschlandLewis Hamilton séchert sech d'Pole - Vettel mat Pech

RTL Lëtzebuerg
Um Hockenheimring konnt sech de Lewis Hamilton d'Pole Position virum Max Verstappen an dem Valtteri Bottas sécheren.
© AFP

Ganz souverän konnt sech de Lewis Hamilton op Mercedes d’Pole Position sécheren. Tëscht dem Lewis Hamilton an dem Valtteri Bottas konnt sech de Max Verstappen op Red Bull déi 2. Plaz sécheren.

Dem Sebastian Vettel seng Pechsträhn geet weider an och beim Grousse Präis bei him doheem an Däitschland sollt et net lafen wéi gewënscht an konnt no Motoproblemer keng Zäit fueren a start an der Course e Sonndeg also vun der 20. a soumat leschter Plaz. An och de Charles Leclerc konnt am Q3 opgrond vu Problemer keng Zäit méi fueren a gëtt den 10..

Back to Top
CIM LOGO