
Um Samschdeg stoung zu Barcelona mam Qualifying vum Grousse Präis vu Spuenien den Optakt vun der 6. Course vun der Saison um Programm.
Am 3. fräien Training koum et bei summerlechen a waarmen Temperaturen zu engem Accident vum Esteban Ocon, dee säi Gefier an d’Mauer gelenkt hat. Virausgaange war hei eng Aktioun vum Magnussen, dee méi lues gi war, ma den Dän krut heifir allerdéngs keng Strof an och den Ocon konnt um Qualifying deelhuelen.
Am Q1 war et iwwerraschenderweis den erfuerene Kimi Räikkönen, dee mat sengem Alfa Romeo de Sprong an de Q2 gepackt hat an um Sonndeg vun der 14. Positioun an d’Course goe wäert.
Un der Spëtzt war et op en Neits den Duell tëscht dem Hamilton an dem Bottas. Um Enn hat de Weltmeeschter Lewis Hamilton d’Nues knapp fir a wäert soumat um Sonndeg vun der Spëtzt an d’Course goen.
Eng weider Enttäuschung gouf et iwwerdeems fir de Sebastian Vettel, deen op en Neits de Sprong an de Q3 verpasst hat an nëmmen op déi 11. Plaz koum.
De Grousse Präis vu Spuenien gëtt um Sonndeg vu 15:10 Auer u gefuer.