Formel 1 - Grousse Präis vu Saudi-ArabienLewis Hamilton start vun der Pole, Max Verstappen verschenkt 1. Startplaz

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am fréien Owend war d'Qualifikatioun vum Grousse Präis vu Saudi-Arabien, der virleschter Course vun der Saison.
© AFP

Um séierste Stroossen-Circuit an der Formel 1 ass de Lewis Hamilton, deen éischte Pilot, dee sech iwwer d’Pole Position freeë kann. Hannert dem Mercedes-Pilot start säin Teamkomerod Valtteri Bottas vun der zweeter Plaz. De Max Verstappen muss sech mat der drëtter Plaz zefridde ginn. Et ass déi 4. Pole Position hannertenee fir Mercedes.

De WM-Leader war u sech ënnerwee, fir déi séierst Ronn ze fueren, ma de Red-Bull-Pilot huet sech an der leschter Kéier verbremst an huet dunn d’Mauer touchéiert, esou datt hien den Auto huet misse stoe loossen.

Back to Top
CIM LOGO