WandhaffManuel Poggiali am neie Motorrads-Simulator

Tom Hoffmann
Et ass den eenzege realistesche Motorrads-Simulator an Nord-Europa. De Moto-Trainer um Wandhaff. Gëscht gouf en ageweit. Mat dobäi; de Manuel Poggiali.
De Manuel Poggiali am Motorrads-Simulator um Wandhaff
De Moto-Trainer um Wandhaff ass den eenzege realistesche Motorrads-Simulator an Nord-Europa. Mat dobäi: de Manuel Poggiali

Den zweefache Weltmeeschter huet senge Schüler d’Ideallinne virginn. De 37 Joer alen Italiener versteet säin Handwierk. Dat weist seng Visittekaart. Als Aktive gouf hien an der Moto GP 2001 mat 18 Joer 125cm an 2003 250cm Weltmeeschter. Haut heeschen déi Klassë Moto3 respektiv Moto2. Säin éischten Feedback vun der Simulatioun war positiv.

„Et spiert een zwar d’Vitesse net, mee Mouvementer um Moto sinn identesch wéi an der Realitéit. Wärend der Saison oder am Wanter kënne mir net trainéieren an dat ass eng gutt alternativ, zemools fir déi Piloten déi de Circuit net kennen.“

An der Simulatioun si sämtlech Circuite vun der MotoGP enregistréiert. Esou kënnen sech Piloten op eng bestëmmte Piste aschéissen.

„Et ass e richtegt Aarbechtsinstrument. Telemetriedaten goufe vun engem Pilot enregistréiert deen op engem gewëssene Circuit fiert. Dat heescht mir hu Referenzen vun dësem Pilot wéi zum Beispill wou e bremst a wou hien nees Gas gëtt. Déi kënnen da mat senger eegener Telemetrie déi hei am Simulator gesammelt goufe verglach ginn.“ sot de Gerant vum Buttek den Philippe Ernens.

De Circuit zu Portimao ass och enregistréiert an dee kennen d‘Aline an den Daniel relativ gutt, déi schonn iwwer 100 Ronnen um Circuit a Portugal gedréint hunn. Den Input deen d’Aline vum Manuel Poggiali krut ass natierlech goldwäert.

„De Video leeft an enger gewëssener Vitesse déi net forcement déi ass déi ech hunn. Tëschent dem Video a mir leien 20-30 Sekonnen, wann net méi. Dat heescht ech muss mech dru gewinne fir esou ze fuere wéi hien um Video fiert wat mir hëlleft mech an der Realitéit ze adaptéieren.“

Adaptéiert huet den Daniel sech relativ gutt, deen no senge Ronne vill Luef vum Weltmeeschter krut an ganz houfreg iwwert säi Feedback war.

„Ech si ganz houfreg. Virun 20 Joer hunn ech de Manuel virun der Télé gekuckt an him nogeäifert an dann 20 Joer méi spéit kréien ech gesot, dass ech dat gutt géif maachen. Hien war natierlech fein sou gutt war ech net mee ech huelen dat gären un.“

Vill Input hunn d’Hobbypilote wärend dësem Owend matgeholl a wie weess, vläicht si Sie bei der nächster Visitt um Circuit dann och déi eng oder aner Honnertstel méi séier.

Back to Top
CIM LOGO