
Nodeems de Marquez als 3. an d’Course gaange war, war et de jonke Fransous Fabio Quartararo, de laang a Féierung louch. Um Enn konnt sech de Marquez awer d’Victoire sécheren a gouf soumat fir déi 6. Kéier Champion an der Moto GP.
Mat nëmme 26 Joer ass hien och dee jéngste Coureur an der Geschicht, dee sech 6 mol den Titel séchere konnt.
An dëser Saison bleiwen nach 4 Coursen um Programm.