MotoGPMarc Marquez mécht Duebel-Victoire zu Aragon perfekt

Jeff Birsens
De Spuenier Marc Marquez huet beim Grousse Präis zu Aragon nom Sprint e Samschdeg och e Sonndeg d'Course gewonnen.
Team Ducati Lenovo Team's Marc Marquez competes in the MotoGP race during the Aragon MotoGP Grand Prix at the Motorland circuit in Alcaniz, northeastern Spain, on August 30, 2026.
De Marc Marquez beim Grousse Präis zu Aragon.
© AFP

E Sonndeg huet sech de Marc Marquez an der MotoGP d'Victoire beim Grousse Präis am spueneschen Aragon geséchert. De Marco Bezzecchi war vun der Pole Position un den Depart gaangen, krut awer vun Ufank u vun de Marquez-Bridder an och dem Pedro Acosta hannendrun Drock gemaach. No e puer Ronne war et dann de Marc Marquez, dee sech un der Spëtzt etabléiere konnt a sou huet hie sech mam Pedro Acosta bis zum Schluss een Zweekampf geliwwert. Lues a lues huet sech awer ofgezeechent, datt de Marc Marquez sech op dësem Dag kee Feeler erlaabt an d'Victoire war him domat net méi ze huelen. Hannendrun hunn de Pedro Acosta an de Marco Bezzecchi de Podium komplettéiert. Mat der Sprint-Victoire vun e Samschdeg huet de Marc Marquez also d'Duebel-Victoire op dësem Weekend perfekt gemaach.

An der Moto2 huet den Alonso Lopez d'Course gewonnen. De Lokalmatador war vun der Pole Position un den Depart gaangen a konnt och an deenen éischte puer Kéiere seng Féierung behaapten a méi spéit d'Course kontrolléieren. Mat engem komfortabele Virsprong konnt de Lopez d'Victoire no 19 Ronnen op d'Arrivée bréngen. Hannendru war et ëm déi zweet Plaz nach eemol méi spannend ginn. No engem spannende Schlusskampf war déi zweet Plaz fir den Izan Guevara an déi drëtt Plaz fir den David Alonso.

Eng Heemvictoire gouf et dann och an der Moto3 fir de Maximo Quiles. Den David Almansa, deen op der Pole Position stoung, war ufanks och gutt fortkomm a konnt seng Konkurrenten hannert sech halen. An der 11. Ronn war et dann awer dem Quiles eng éischte Kéier gelongen, d'Féierung ze iwwerhuelen. No e puer Wiessel un der Spëtzt konnt de Spuenier sech dann awer ofsetzen an d'Victoire no 17 Ronnen virum Almansa an dem Marco Morelli sécheren.

Resultat MotoGP

1. M. Marquez 41:10.969
2. P. Acosta +1.754
3. Marco Bezzecchi +3.629
4. A. Marquez +8.687
5. J. Martin +12.572
6. F. Aldeguer +17.687
7. F. Di Giannantonio +23.136
8. E. Bastianini +25.741
9. D. Moreira +25.899
10. B. Binder +26.441

Resultat Moto2

1. A. Lopez 35:04.377
2. I. Guevara +0.800
3. D. Alonso +0.881
4. S. Agius +2.887
5. I. Ortola +3.262
6. M. Gonzalez +4.731
7. D. Holgado +5.912
8. D. Öncü +14.194
9. A. Escrig +14.662
10. A. Huertas +15.231

Resultat Moto3

1. M. Quiles 33:15.478
2. D. Almansa +0.264
3. M. Morelli +0.715
4. A. Carpe +2.900
5. B. Uriarte +6.040
6. A. Cruces +11.373
7. C. O'Gorman +11.509
8. V. Perrone +11.841
9. G. Pini +11.963
10. A. Fernandez Gonzalez +12.211

General MotoGP

1. J. Martin 256
2. M. Marquez 237
3. M. Bezzecchi 232
4. D. Di Giannantonio 208
5. A. Ogura 203
6. P. Acosta 189
7. R. Fernandez 186
8. F. Bagnaia 143
9. A. Marquez 128
10. F. Aldeguer 90

General Moto2

1. M. Gonzalez 207.5
2. I. Guevara 175
3. S. Agius 149
4. I. Ortola 144.5
5. D. Holgado 137
6. D. Alonso 132
7. C. Vietti 114
8. F. Salac 108
9. A. Lopez 92.5
10. D. Munoz 59

General Moto3

1. M. Quiles 256
2. A. Carpe 159
3. D. Almansa 154
4. B. Uriarte 138
5. M. Morelli 131
6. V. Perrone 103
7. V. Pratama 97
8. H. Danish 90
9. M. Bertelle 71
10. R. Salmela 60

Back to Top
CIM LOGO