
Um Sachsenring an Däitschland ass dem Marc Marquez op Honda vun der 5. Plaz e super Start gelongen an esou huet hie sech kuerz dorops op der 1. Plaz erëmfonnt. De 6-fache Weltmeeschter an der MotoGP war deemno de Gewënner vum Start a louch virum Aleix Espargaro a Féierung. 21 Ronne viru Schluss huet et liicht ugefaange mat reenen an et huet sech gewisen, wie sech am MotoGP-Zirkus op den naasse Stroosse wuel fillt. De Marc Marquez louch an dëser Phas vun der Course virum Jack Miller op Ducati. Béid Fuerer si bekannte Reen-Spezialisten.
De Gewënner vun der leschter Course Miguel Oliveira op KTM huet sech an der Suite vun der Course bis op déi 2. Plaz no vir konnte schaffen an en ass an der Schlussphas ëmmer méi no un de Marc Marquez erugefuer. Vir huet sech trotz allem awer näischt méi gedoen, sou dass de Marc Marquez seng 11. Course a senger Karriär um Stéck um Sachensring gewanne konnt, virum Miguel Oliveira a Fabio Quartararo. Fir Honda war et déi éischte Victoire zanter Valencia 2019. Am General bleift no enger 3. Plaz de Fabio Quartararo a Féierung.
An der Moto2 gouf et e Sonndeg de Moien eng Victoire vum Remy Garner (Ajo-Kalex), deen domat weider 1. am General ass. An der Moto3 war de Pedro Acosta (Red Bull KTM Ajo) de Séiersten, de Spuenier ass och 1. am General.
MotoGP
1. Marc Marquez (Honda)
2. Miguel Oliveira (KTM)
3. Fabio Quartararo (Monster Energy Yamaha)
Moto2
1. Remy Gardner (Ajo-Kalex)
2. Aron Canet (Boscoscuro)
3. Marco Bezzecchi (SKY Racing Team)
Moto3
1. Pedro Acosta (Red Bull KTM Ajo)
2. Kaito Toba CIP (Green Power)
3. Dennis Foggia (Leopard Racing)
MotoGP
1. Fabio Quartararo (Monster Energy Yamaha)
2. Johann Zarco (Pramac Racing)
3. Jack Miller (Ducati Lenovo)
Moto2
1. Remy Gardner (Ajo-Kalex)
2. Raul Fernandez (Ajo-Kalex)
3. Marco Bezzecchi (SKY Racing Team)
Moto3
1. Pedro Acosta (Red Bull KTM Ajo)
2. Sergio Garcia (Aspar-GasGas)
3. Jaume Masia (Red Bull KTM Ajo)