MotoGPMarc Marquez séchert sech seng 8. Victoire

RTL Lëtzebuerg
Beim Grousse Präis vun Aragón konnt sech de Marc Marquez virum Andrea Dovizioso an dem Jack Miller duerchsetzen.
© afp

De Spuenier Marc Marquez huet och beim Grousse Präis vun Aragón näischt ubrenne gelooss an esou seng 8. Victoire an der aktueller Saison realiséiert. De Spëtzemann am General konnt mat sengem Honda säin 200. Start-Ziel-Succès feieren.

Op d’Plazen 2 an 3 koumen den Italiener Andrea Dovizioso sou wéi den Australier Jack Miller op Ducati.

Back to Top
CIM LOGO