MotoGPMarc Marquez wënnt nom Sprint och de Grand Prix vun Ungarn

RTL Lëtzebuerg
Fir de Spuenier war et de siwenten duebelen Erfolleg hannerteneen. Am General konnt hie seng Avance op 175 Punkten ausbauen.
© ATTILA KISBENEDEK / AFP

De Marc Marquez huet an der MotoGP nom Sprint och d’Haaptcourse souverän virum Pedro Acosta an dem Marco Bezzecchi gewonnen. No der 1. Ronn war de Spuenier no engem Feeler op déi 3. Plaz zréckgefall. De Bezzecchi an de Morbidelli waren deen Ament op de Plazen 1 an 2. No an no konnt de Marquez awer ophuelen, huet fir d’éischt de Morbidelli iwwerholl, éier en an der 11. Ronn och laanscht de Bezzecchi gefuer ass. An der Suite konnt en net méi ageholl ginn. De Bezzechi huet no 16 Ronnen och missen den Acosta laanscht loossen, konnt sech um Enn awer déi 3. Plaz sécheren. De Marc Marquez konnt domadder am General de Virsprong op den Alex Marquez wieder ausbauen.

Den David Alonso konnt am Moto2 säin éischte Succès feieren. Op de Podium sinn och nach den Diogo Moreira an de Manuel Gonzalez gefuer. De Gonzalez huet säi Virsprong am General op Aron Canet liicht vergréissert.

Am Moto3 huet de Maximo Quiles am Fotofinish ganz knapp virum Valentin Perrone gewonnen. Op de 3. Plaz koum den David Munoz. Am General bleift do de Jose Rueda op der 1. Plaz.

Um RTL Play fannt Dir d’Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D’Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 42:37.681
2 P. Acosta Red Bull KTM Factory Racing +4.314
3 M. Bezzecchi Aprilia Racing +7.488
4 J. Martin Aprilia Racing +11.069
5 L. Marini Honda HRC Castrol +11.904

Moto2

1 D. Alonso CFMOTO Inde Aspar Team 37:18.405
2 D. Moreira Italtrans Racing Team +0.174
3 M. Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP +0.305
4 J. Dixon ELF Marc VDS Racing Team +0.876
5 C. Veijer Red Bull KTM Ajo +1.344

Moto3

1 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team 35'31.839
2 V. Perrone Red Bull KTM Tech 3 +0.018
3 D. Munoz Liqui Moly Dynavolt Intact GP +0.858
4 Á. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI +0.952
5 J. Antonio Rueda Red Bull KTM Factory Racing +1.362

De General

MotoGP

1 MARQUEZ Marc 455
2 MARQUEZ Alex 280
3 BAGNAIA Francesco 228
4 BEZZECCHI Marco 197
5 ACOSTA Pedro 164

Moto2

1 GONZALEZ Manuel 204
2 CANET Aron 179
3 MOREIRA Diogo 173
4 BALTUS Barry 147
5 DIXON Jake 132

Moto3
1 RUEDA Jose Antonio 250
2 PIQUERAS Angel 181
3 QUILES Maximo 164
4 MUÑOZ David 155
5 CARPE Alvaro 146

Back to Top
CIM LOGO