Rallye LëtzebuergMarijan Griebel a Johny Blom kënne sech duerchsetzen

RTL Lëtzebuerg
Beim Rallye Lëtzebuerg 2019 gëtt et eng Victoire vum Duo Griebel/Blom (VW Polo GTI R5), viru Foxius/Arend (Skoda Fabia R5) a Gengler/Krüger (Subaru WRC).
Rallye Lëtzebuerg 2019: Griebel-Blom feieren Hattrick
Dat ass dat wat d’Spectateuren appreciéieren: E volle Motorsound. Bremsen, déi jäizen. Pneuen, déi quiitschen. An Autoen, déi an de Kéieren driften.

Dat ass dat wat d’Spectateuren appreciéieren: E schéine Motorsound, Bremsen, déi jäizen. Pneuen, déi quiitschen an Autoen, déi an de Kéieren driften. Dat krut een dëse Weekend op der Rallye Lëtzebuerg gebueden. 10 Speciale stoungen e Samschdeg um Programm, dat vu moies bis owes, an alles ronderëm Housen. Biergop, biergof. All Specialen tëscht 8 km an 25 km laang. 14 Minutte fir 25 km, dat ass eng Moyenne vun 107 Kilometer an der Stonn.

Zum Schluss konnt sech hei de Favorit Marijan Griebel mat sengem Copilot Johny Blom duerchsetzen. Si hunn “de séierste Polizist vu Lëtzebuerg” Ronny Foxius zesumme mam Luc Arend op déi 2. Plaz verdrängt. Drëtte gouf den Duo Gengler Patrick - Krüger Ken.

Back to Top
CIM LOGO