
De Rallye Lëtzebuerg huet sech an de leschte Jore fest am Lëtzebuerger Automobilsport-Kalenner etabléiert. Wéi gewinnt geet et nees um Freideg mam sougenannte Shake-Down lass. Nieft dem Shake-Down ginn um Samschdeg nach 12 Specialle gefuer.
Mam Marijan Griebel gëtt et dëst Joer nees ee grousse Favorit. Den Däitschen huet de Rallye ronderëm Housen scho 4 Mol gewonnen a wëll dat och eng 5. Kéier maachen. Staark Konkurrenz kënnt vun de Lëtzebuerger Charles Munster, Ronny Foxius a Steve Fernandes.
Den Andy Brücker vun den Organisateuren geet dovunner aus, datt et op der Speciale um Lausduer nees ganz spektakulär wäert ginn.
Weider Informatioune fannt Dir um offizielle Site.
