
De Valentino Rossi konnt sech dann déi zweet Plaz sécheren. An der leschter Ronn ass hie laanscht den Andrea Dovizioso gefuer an huet dësem just déi drëtte Plaz um Podium gelooss. De Rossi hat bal 10 Sekonne Retard op de Marquez, ma knapp 0,7 Sekonnen Avance op de Dovizioso.
Mat eppes iwwer 2 Sekonne Retard sinn de Miller a Rins als 4. a 5. op d’Arrivée komm.