
Virum Depart hat d’Rennkommissioun d’Decisioun geholl, dem Nani Roma seng Zäitstrof vun 1:10 Minutten vun der 5. Etapp ze sträichen. Domat gouf de Ford-Fuerer nodréiglech zum Gewënner vun dëser Etapp erkläert. Op der siwenter Etapp vu Riad Richtung Wadi ad-Dawasir war et awer de Mattias Ekström, deen op sech opmierksam gemaach huet. Fir d’éischt war et awer den Toyota-Fuerer Henk Lategan, dee laang Zäit wéi de Gewënner vun der Etapp ausgesinn hat. De Südafrikaner hat sech esou eng grouss Avance op de Leader Al-Attiyah erausgefuer, dass hie souguer am virtuelle Klassement vir louch. Mee op de leschte Kilometer him de Stoussdämpfer gebrach, wat hien immens vill Zäit kascht huet. De Lategan gouf schlussendlech den 13.
Vun dësem Problem huet de fréieren DTM-Fuerer Mattias Ekström profitéiert a sech d’Victoire geséchert. Hannert him koum de Joao Ferreira op déi zweet Plaz. Drëtte gouf de Mitch Guthrie, de Gewënner vun der 5. Etapp. Den Nassar Al-Attiyah, de Leader am General, huet mat senger eelefter Plaz iwwer 7 Minutten op den Ekström agebéisst, bleift awer weider Éischten am Generalklassement. Den Ekström huet no senger zweeter Victoire bei dëser Rallye Dakar just nach 4:47 Minutte Réckstand op den Ägypter. Den Nani Roma an den Henk Lategan leie mat engem Réckstand vun iwwer 7 Minutten op de Plazen 3 a 4.
Charles Munster mat groussem Réckstand
De Charles Munster hat an der Challenger-Kategorie op der 7. Etapp als 30. iwwer 2 Stonne Réckstand op de Gewënner Kevin Benavides.
Luciano Benavides gewënnt Motorradscourse
De Luciano Benavides konnt seng zweet Victoire bei de Motorrieder feieren. Den Edgar Canet an den Adrien van Beveren op de Plazen 2 an 3 hu just 10 Sekonne getrennt. De Leader Daniel Sanders Véierten an huet fënnefanhallef Minutten op de Benavides verluer. Nach méi Zäit huet de Ricky Brabec als Zéngten agebéisst. Am General huet de Sanders elo 4:25 Minutten Avance op de Brabec. De Benavides ass neien Drëtten op 4:40 Minutten.