Eng 12 Leef goufen dëst Joer an der Autocross-Europameeschterschaft uechter ganz Europa gefuer. Och eng Partie Lëtzebuerger begeeschtere sech fir dës spektakulär Motorsportsdisziplin. Ënnert de sechs Lëtzebuerger Pilote sinn d’Bridder Bob a Max Schanen als eenzeg all 12 Leef gefuer. Gutt 1.300 Kilometer waren et bis an dat katalanescht Molerussa a mir hunn eis leschte Sonndeg hire Wee bis an d'Finall vun de CrossCar a Buggy1600 ugekuckt.
Dëse Weekend stoung op der ibeerescher Hallefinsel och nach d’Finall vun dëser Europameeschterschaft un. Nieft de Gebridder Schanen huet do och nees de Kenny Reding d’Lëtzebuerger Faarwe verstäerkt. Wärend sech de Bob Schanen ënnert de gewinnt ville CrossCar als 5. an der Halleffinall just knapps fir déi grouss Finall konnt qualifizéieren an do Zéngte gouf, hu just wéineg Buggy1600 de wäite Wee bis an d'portugisesch Foz Côa gemaach an domadder stoungen déi 2 Lëtzebuerger sécher an der Finall.
An den dräi Qualifikatiounsleef krut sech de Kenny Reding souguer fir déi zweete Startplaz hannert dem neien Europameeschter Jakub Novotny qualifizéiert. Am haarden Duell ëm déi Europameeschterschaft tëscht dem Tschech an dem Fransous Malone Feuillade koum de Kenny Reding direkt nom Start ënnert d'Rieder a gouf um Enn Véierten. An dëser allerleschter Course vun der Saison ass de Max Schanen dogéint staark vun der sechster Startplaz bis op säin éischte Podium an dëser Saison no vir gefuer.
Crosscar
1. David Meat (FRA) 353 Pkt.
4. Bob Schanen 215
15. Cédric Engel 76
Buggy 1600
1. Jakub Novotny (CZE) 323
7. Max Schanen 148
8. Kenny Reding 125
Superbuggy
1. Petr Nikodém (CZE) 352
7. Kevin Peters 141
22. Ferdinand Gengler 32