Formel 1: Grousse Präis vu MexikoMax Verstappen muss Pole ofginn

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Strof vum RedBull-Pilot geet de Charles Leclerc op Ferrari elo vun der Pole Position aus an de Grousse Präis vu Mexiko.
© AFP

Beim Grousse Präis vu Mexiko huet de Max Verstappen um gréngen Dësch seng Pole Position verluer. Sekonne viru Schluss war an der leschter Kéier de Valtteri Bottas (Mercedes) an d’Mauer gerannt.

Den Hollänner hat nom Accident seng Vitesse trotz de giele Fändelen net reduzéiert a war eng nei Beschtzäit gefuer. An der Nuecht op e Sonndeg gouf de RedBull-Pilot dofir bestrooft. Hie gëtt 3 Plazen no hanne versat a kritt 2 Strofpunkten. Den Hollänner hätt, wéi d’Reglement et beseet, direkt missen ofbremsen. Am Géigesaz zu senge Konkurrenten huet hien dat awer net gemaach.

Doduerch stinn elo déi zwee Ferrari-Pilote Charles Leclerc a Sebastian Vettel an der 1. Rei. Fir Ferrari ass et déi 6. Pole noeneen. Do hannendru starten de Weltmeeschter Lewis Hamilton op Mercedes an de Max Verstappen.

Schonn dëse Sonndeg kéint de Lewis Hamilton fir déi 6. Kéier Weltmeeschter ginn. Den Englänner muss 14 Punkten méi kréie wéi de Valtteri Bottas, fir dëst schonn a Mexiko ze realiséieren.

De Start vum Grousse Präis vu Mexiko ass um 20.10 Auer e Sonndeg den Owend eiser Zäit.

Back to Top
CIM LOGO