Formel 1: Grousse Präis vun ÉisträichMax Verstappen op en Neits net ze schloen

RTL Lëtzebuerg
Och bei der zweeter Course vu Spielberg konnt sech de Max Verstappen souverän virum Valtteri Bottas an dem Lando Norris duerchsetzen.
© AFP

Schonn an der zweeter Ronn koum de Safety-Car an d’Course wëll den Ocon no engem klengen Accident net méi konnt weider fueren. Beim Neistart waren d’Autoen alleguer no beieneen an de Perez war kuerz virdrun den Norris ze iwwerhuelen mee wéi se niefteneen waren, ass de Perez vun der Streck ofkomm an ass op déi 10. Plaz zeréck gefall ass. Bei dësem Duell krut den Norris dann och eng Strof vu 5 Sekonnen.

Un der Spëtzt konnt sech de Max Verstappen séier e komfortable Virsprong virum Lando Norris an dem Lewis Hamilton erausfueren. De Lewis Hamilton huet Drock op de Lando Norris gemaach a konnt en dann och an der 20. Ronn iwwerhuelen. Am Laf vun der Course hat den Hamilton awer liicht Problemer mam Auto an esou konnt de Bottas den Hamilton an der 52. Ronn iwwerhuelen an och dem Norris ass dëst an der 54. Ronn gelongen sou dat dësen elo nees zeréck op der 3. Plaz war.

An de Ronnen dono huet de Max Verstappen seng éischt Plaz souverän bis op d’Arrivée bruecht a feiert domadder seng 5. Victoire vun dëser Saison. D’Konkurrenz hat ni d’Méiglechkeet dem Hollänner wierklech geféierlech ze ginn. De Valtteri Bottas konnt seng 2. Plaz virum Lando Norris verdeedegen. De Lewis Hamilton ass als 4. op d’Arrivée komm a verléiert soumat weider Punktem am General op de Max Verstappen.

Back to Top
CIM LOGO